Über uns

 

Fëscherveräin an der Gemeng Monnerech mat WEIER am Mettendall

Welcome op der Home Page beim Fëscherveräin Monnerecher Ellchen.

Dir sicht no engem Weier an der Noperschaft vu Monnerech, Biergem oder Steebrécken fir Forellen ze fänken, da kommt erof bei eis an de Mettendall wou e Weier mat engem Beréng vun 65 Ar op Iech waart.

Den 3. Januar 1978 gouf de Veräïn gegrënnt.

Den 1. President war den T.Block – duerno waren den E.Raus;  C.Fonck; P. Alesch.  Presidente vum Veräin. Aktuell ass de Norbert Munkler President.

Haaptgrënnungsmembere waren nach:  J.Ries;  E.Berens;  A.Hipp;  C.Reiser;  R. Faber;  E.Raus .

Tëschent Leideleng, Stebrécken a Biergem an engem<Bermudadräieck> matten am Mettendall läit de Weier.  Fréier war do eng Waasserbuerg an en Haff dee vun engem Weier encadréiert gouf. Mat der Zäit ass de Weier an de Besëtz vum Staat komm,  d’Gemeng Monnerech ass Locataire ginn an de Weier ass un den Fëscherververäin Monnerecher Ellchen weider verpacht ginn.

Am Joer 1996 si gréisser Transformatioune wéi Ausbaggeren  an Infrastrukturaarbechte realiséiert gin an Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung , der Monnerecher Gemeng an dem Fëscherveräïn Monnerecher Ellchen. Plazeweis huet de Weier sou eng Déift kritt vun +/- 3 Meter

2022/2023 hu misste  verschidden Aarbechten um Weier gemaach ginn am Zesummenhang mat dem Ofstäipe vun den Uwänner. Dës Aarbechte si gut gelongen mat Hëllef an Ënnerstëtzung vun de Gemengeninstanzen an dem Fieschter.

D’Gemeng ass zoustänneg fir d’Erhale vum Weier, de Veräin ënnerhält de ganze Biotop mat  verschiddene rare Planzen a suergt fir d’Asetze vun de Fësch, haaptsächlech vu Forellen.

Eng kleng Bach,  Mierbech genannt, ee 5,2 km laangen Zoufloss vun der Uelzecht, versuergt de Weier mat Waasser.

Fir de Moment kënne mer op +/- 85 Memberen zielen,  

Weider Detailer fannt Der op eisem Site.

Petri Heil!

DSCN2677

IMG_0358

CHALET

Leave a comment