GV

Chers membres, 

Suite à l’Assemblée Générale du 22.01.2025 et la réunion du comité du 11.02.2025, nous avons le plaisir de vous communiquer ci-après quelques informations utiles pour la saison de pêche de cette année. 

o 35 Membres avaient assisté à l’assemblée 

o Les membres Baustert Romain, Bochen Fränz et Unsen Jeannot ont été honorés pour leurs 10années d’affiliation. 

o Composition et charges des membres du comité 2025

– M. MUNKLER Norbert – président 

– M. SEYWERT Jos – vice-président 

– M. WEICHERDING Romain – secrétaire 

– M. KRIER Claude – trésorier 

– Mme. BASTIAN Martine – membre en charge de la buvette et ensemble avec Jos de l’entretien du chalet avec ses dépendances. Elle fait également de la commande des truites et est présente lors de la mise des truites pour les locations 

– Les membres M. TOTH John, M. LENTZ Marco, M. LENTZ Michael et M. Lua Robert sont en charge de l’entretien des machines, du site de l’étang et des mises truites. Ils sont assistés par M. Grund Patrick. 

– Mme. Bastian est la personne de contact en cas de remarques et/ou réclamations concernant la pêche à l’étang. 

– Reviseurs de caisse: MM. CATTANEO Euden et STEFFEN Marcel 

M. ALESCH Pierre est désigné président d’honneur à vie 

——————————————————————————————————–

Usproch vum President

Madame Anouk Boever-Thill , déléguée par le conseil communal,

Dir Dammen, dir Hären ,

Leif Memberen a Kolleegen

-Ech begréissen Iech heimadder op eiser Generalversammlung 2024.

-a wënschen Iech all e schéint Neit Joer a wat ganz wichteg ass eng gutt Gesondheet,soen dem Patron Merci dat hien dëst Lokal fir e puer Stonnen zu Verfügung ginn huet, e Merci geet och vun eiser Säit aus un Monnerecher Gemeng an hire Service Technique déi eis ënnerstëtzen;

-a virun  allem un eis Memberen ouni  déi  de Weier géif net existéieren

-Dann wëlle mer  nach eisen  verstuerwenen Memberen  gedenken déi am Laaf vum leschte Joer eis verloos hunn. Ech géif Iech bieden fir e Moment op ze stoen.

-Léif  Memberen lescht Joer wéi dir gesinn huet,  ass vill geschafft ginn,  um Weier gouf Ufer verstäerkt; natierlech huet dat zu Diskussiounen gefouert. Awer ouni déi Aktioun hätte mir grouss Problemer kritt.

-Fir dëst Joer gëtt et keng Ännerung wat de Preis vum Permis betrëfft , de Claude kann iech déi néideg Erklärungen ginn.

Ech hunn eng Fro un d’Madame Boever : Wéi geet et weider mat de Strooss fir op de Weier ze kommen? Wéi ass Situatioun momentan?

Domadder sinn ech fäerdeg a ginn Wuert weider un de Romain fir den Aktivitéitsbericht

merci fir d’Nolauschteren

de Präsident

——————————————————————————————————–

Aktivitéitsbericht vum Joer 2023

Wei gewinnt huet sech de Comité och dat lescht Joer en etlech Kéiere getraff fir iwwer di ufalend Organisatiounen, Aarbechten, Problemer, Reklamatiounen an esou weider ze diskutéieren, an dobei Léisungen ze sichen an Decisiounen ze houlen.

Doniewent hunn mir och ëfters Freides, wann den Weier zou war, um Weier geschafft fir ufalend Aarbechten ze erleedegen. Ech well hei awer och nach betounen, dass Monnerecher Gemeng eis tatkräfteg ënnerstëtzt huet an niewen dem Méien och nach Boren vum Weier viru befestegt huet souwéi de Waasserlaf laanscht de Weier mat engem klenge Bagger gebotzt huet. Mir haten och am März bei der grousser Botz deelgehol.

Eis Fëscher-Saison hat den 1 Mäerz ugefaangen. Dëst Joer fänkt eis Saison ausnamsweis den 2te Mäerz un well den 1ten op e Freide fält wou jo de Weier bekanntlech zou ass. De genaue Kalenner mat dem Asaz vu Frellen, Interclub, Challenge, Journée Top Ten, Locatiounen asw. kritt dir an den nächster Zäit zougestallt.

Dat lescht Joer waren am verglach mat etlechen aneren Joeren manner Permisen ausgestallt ginn, a leider och nëmmen 1 fir en Jonken ënner 16 Joer.

Fir Verlängerung vun ärem Permis, resp. Ausstelle vun engem neie Permis um Weier, hu mir den 24ten Februar vu 14 bis 16.30h festgehale. De Preis vum Permis ass nach de selwechten wei dat lescht Joer awer, wei et fir Zukunft ausgeseit, ass ongewess. De Preis fir Frellen get 3 mol am Joer mei deier a bei manner Memberen mussen mir den Asatz iwerdenken. 

W.e.gl. iwwerweist Cotisatioun fir de Permis virun dem 24ten op eise Kont, dat mécht dem Claude seng Aarbecht méi einfach. De Stempel krit dir dann den 24ten oder di éischt Kéier wou dir fësche kommt.

De Challenge, den dat lescht Joer am Méi virgesi war, konnt net ofgehale gi well Gemeng deelweis frësche Wuess ugeluecht hat. Des Aktivitéit ass op den Dag vum Interclub, den 17.9. verluecht ginn.

Et haten 3 Equippen deelgeholl. Gemeng Monnerech, de Club ASV vun Ehrang an eis Equipe. De Vainqueur war, wie kann et anescht sinn, natierlech Monnerecher Ellchen. Mir hunn domat di nei Challenge-Coupe, gestëft vun der Gemeng Monnerech, iwwerreecht krut. Eise beschte Fëscher war, wie kann et anescht sinn, Madamme Claude Marie-Jeanne mat 22 Frellen. 

Den 23ten Juni hat eng Delegatioun vum Comité an e puer vun eise Memberen um Cortège fir den Nationalfeierdag deelgeholl, an och den 9ten Oktober ware mer präsent fir d‘Journée de la Commemoratioun. No engem ganz naassen November an Dezember war den 31.12. eis Fëscher-Saison 2023 eriwwer an domat ass och méi Bericht fäerdeg. 

Merci fir d’Nolauschteren an e gudden Appetit.

De Sekretär

——————————————————————————————————–

Generalversammlung 2021

Usproch vum President

Här Buergermeeschter

Här Schäffen,

Här Gemengeconseiller,

Ech begréissen Iech heimadder op eiser Generalversammlung, eng Versammlung,  déi erëm a physescher Presenz vun eise Memberen an  engem e bësschen ongewinnten Kader sech ofwéckelt a soen dem Patron Merci eis dëst Lokal fir e puer Stonnen ze iwwerloossen.

E Merci geet vun eiser Säit aus un Monnerecher Gemeng, un den Fierschter, a virun allem un eis Memberen, speziell un déi, déi an deenen 2 leschten Covid-Joeren eng Hand mat ugepaakt hunn, keng einfach Joeren ,mais déi mer gutt ewech gestach kruten. 

An dësem Kontext verweisen ech  op Sanéierungsaarbechten,  déi am Zesummenhang vun eisem Chalet gemaach gi sinn.

-Dann wëlle mer nach eisen Verstuerwenen Member gedenken déi am Laf vum deenen 2 leschten Joren eis verlooss hunn. Ech géif Iech bieden fir e Moment op ze stoen.

Ech kommen net am Detail zréck wat sech soss nach hannert de Kulissen beweegt huet, de Sekretär wett Iech an sengem Rapport a Kenntnis setzen.Mais ech muss hei awer nach  vermierken, dass am Laf vum leschte Joer 4 Leit dem Comité de Réck gedreehnt hunn, aus wat fir Grënn och ëmmer. Dee betreffend Persounen wëssen dat selwer am beschten.

Erlaabt mer awer nach  e puer Remarken

als 1. Punkt / – kommen ech zréck op Installatiounen um Weier: an zwar un Poubellen déi do zur Verfügung stinn;

-Tranchéiert de Müll esou wéi dir dat doheem maacht; -Kippen vun den Zigaretten lousst se neit leien op der Plaz wou der an dém Moment fëscht;- an verréckelt net ëmmer Halteren, déi fir Festsetzen vun den Aangelen  do stinn.

als 2. Punkt/ – maachen ech iech drop opmierksam, dass mer Verstäerkung brauchen  fir dat et um Weier och weider richteg kann dréien, zemools nächst Joer 2 Comitéës-Memberen altersbedéngt wëllen op halen.Mer perséinlech leit vill Uleies drun fir Kontinuitéit ze assuréieren.Leider ass eisen Opruff an deenen leschten Méint net gehéiert gin,  aus wat fir Grënn och ëmmer.Wäert net emol un der Zäit nei Gesiichter ze gesinn,  domat kommen och nei Ideen; fir verschidden Comitésmemberen déi elo nach dobäi sinn, wäeret vläicht ubruecht  aner Leit Plaz ze maachen,  dass sech eng komplett nei Equipe  forméiert. Iwwerleeungen déi mech perséinlech bechäftegen.A wann mer schlussendlech,  ënnert déi fatal Zuel vun 5 Comitéës-Memberen falen,  déi musse present sinn fir de Veräin um Liewen ze halen

da geet et Bach aus: op lëtzebuergesch gesot:  et war schéin, mais et ass eriwwer. 😡

Maacht Iech e puer Gedanken doriwwer !

– Well dëst Joer, ass de beschte Moment  nei Leit ze integréieren; nëmmen esou kann Continuetéit vum Veräin geséchert ginn, an waart domadder net bis et ze spéit ass. Sollt Verstäerkung ausbleiwen, verweisen ech elo schonns op den Artikel 31 vun de Statuten, deen kloer seet: Veräinsverméigen verfält un e Wohltätegkeetsbüro vun der Monnerecher Gemeng.

Domadder sinn ech ferdeg a ginn Wuert weider un de Romain. Merci fir Nolauschteren.

Generalversammlung 2020

Usproch vum President

Tout d’abord, j’espère que vous et votre famille êtes en bonne santé. 

En ce qui concerne l’étang de pêche, il y a eu certaines restrictions qui n’ont sûrement pas plu à l’un ou à l’autre. Mais nous devons les adapter aux décisions du gouvernement ainsi qu’à ceux de la commune de Mondercange.

Cela n’a pas toujours été facile pour le comité, mais dans la situation actuelle nous n’avons pas pu faire autrement, et nous avons aussi en premier lieu rergardé à votre santé parce que comme vous le savez tous, le Covid 19 n’a épargné personne.

Comme vous l’avez déjà remarqué, le comité à pris certaines décisions qui vous permettent de venir passer un bon moment à l’étang, mais pour le moment sous les conditions que notre secrétaire vous a fait parvenir.

Il ne faut surtout pas ignorer que cette pandémie est toujours présente parmi nous. et cela nous ne devons nos pas l’ignorer.

Par cette mème occasion je voulais remercier le comité pour m’avoir soutenu dans les décisions qui ont été prises et qui n’était pas toujours facile pour moi.

Je vous souhaite à vous tous et vos familles de rester en bonne santé, dans l’espoir de jours meilleurs.

Le Président.

Munkler Norbert

           

Aktivitéitsbericht vum Joer 2019

 

L’assemblée générale de la dernière année était le 23.01.2020 dont le déroulement, faute de candidats pour les élections du conseil d’administration, a laissé un goût amer. Sans le discours énergique de notre président et la candidature ultérieure de 4 membres, notre club n’existerait peut-être plus.

L’année 2020, marquée par le micro-petit virus Corona d’une grande  envergure a bouleversé la vie quotidienne de tout le monde et ne s’est pas arrêté au portail de notre étang.

Pour cette raison, l’activité du club était très réduite. Pendant l’année passée, le comité s’était rencontré 8 fois, et très souvent pour se concerter comment réagir en face du Covid et d’autre part pour préparer divers travaux à savoir la stabilisation des berges de l’étang et la mise à neuf de la façade du chalet,  ainsi que la modification des statuts.

Le début de la saison de pêche était le 1er mars. Suite à la pandémie, nous avons dû fermer l’étang la 1ère fois le 15 mars.  Toutes les activités prévues pour 2020 (journée TOPTEN, locations, fête du 1er mai, challenge, interclubs, le dîner pour la fin de saison, etc ) ont dû être annulées, sont littéralement tombées à <l’étang>.

Une ouverture provisoire avec une limitation de 20 personnes sur le site était le 16 mai.

Suite à la pandémie, nous avons dû fermer l’étang de nouveau à partit du 2 novembre 2020.

La suite vous la connaissez. Malgré le retard déjà important de l’ouverture provisoire 2021, nous espérons que la situation s’améliorera pour l’avenir et que l’étang pourra rester ouvert normalement.

Retenons toutefois encore que les membres Claude Marie-Jeanne, Bastian-Claude Martine, Ascani Graziano, Flammang Jules et Haupert Antoine recevront un cadeau pour 10 années d’affiliation au club.

Le secrétaire R. Weicherding

                                        —————————————————————

Generalversammlung 2019

Auszeechnung vun Memberen fir 10 respektiv 20 Joer Aktivitéit

2020.GV.4

1.Reih: Hermes Fr,  Ademes L. Wiesen R.

Aktivitéitsbericht vum Joer 2018

De Comité war séit eiser leschter Generalversammlung, den 23ten Januar 2019, 12 Mol zesummekomm fir iwwer ufalend Aktivitéiten ze schwätzen an fir di eng oder aner Saach ze plangen  resp. ze decidéieren.  Den 1ten an den 2ten Februar hate mär beim Cactus-Lalleng Bréidercher mat Wiertchen verkaf fir eis Kees ozebesseren. 

Eis Fëschersaison hat wie gewinnt den 1ten Mäerz ugefaangen. Et waren eng 90 Permisen ausgestallt ginn wouvun 4 Steck fir Jonker ënner 16 Joer.
De Weier war 7 x verlount gin wou jeeweils 2 Leit vun eis d’Buvette betreit hunn. Eng 8ten Locatioun huet misse weins ze waarmer Waassertemperatur ofgesot ginn.
Den Asaz vu Frellen war wie geplangt ofgelaf biss e puer Kéieren wou och erëm weinst ze héijer Waassertemperatur den Asaatz net stattfonnt huet. Och dëst Joer, wann Waasser eng Temperatur vun 22° oder dréiwer huet, ginn keng Frellen agesat. 
Den 30ten Mäerz war eis éischt “Journée Top Ten“, di zweet war den 22ten Juni an di drëtt den 12ten Oktober. Wei et dëst Joer weidergeet, dat decidéiert den neie Comité, genausou ewéi ofhalen vun engem Challenge an Interclub. Datumen vun deenen Deeg an geplangten Locatiouns-Deeg wäert där dann  schrëftlech matgedeelt kréien.
Den 1te Méi hate mär 1 Méikranz gemach mat uschleissendem Barbecue. 

De 18ten Méi war den Challenge 2019. Sou wie dat Joer virdrun war gefëscht ginn vun 9 bis 13 Auer an dono war e kale Buffet serveiert ginn. Et war eis Equipe, déi mat 86 Frellen de Challenge gewonnen hat, virun de Kollegen  vun Ehrang mat 78, an der Equipe vun der Monnerecher Gemeng mat 52 Frellen. Die 4 beschte Fescher waren:

  1.  Lamacz Hermann (Ehrang) mat 17 Frellen
  2. Ademes Lex (Monnerecher Ellchen) 16 Frellen 
  3.  Claude Marie-Jeanne (Monnerecher Ellchen) 14 Frellen
  4.  jeeweils mat 13 Frellen, den Henin Jemp a Stocco Tun

All Fëscher, di beim Challenge matgemaach haten, si mat enger Fläsch Cremant belount ginn. No dem Fëschen hu mär den Éierewäin servéiert, de vun der Gemeng Monnerech gestëft gi war, villmools Merci un Gemeng.

Den 23ten Juni hate mär um Cortège vum Nationalfeierdag deelgeholl, an mer waren och präsent fir d‘Journée de la Commémoration. 

Den 24ten August hat eng Delegatioun vun 9 Memberen zu Ehrang un engem Fëscher-Concours deelgeholl. D’Wieder war gutt, Waasser vun der Kyl war kloer an den Waasserstand niddreg wat dozou bäigedroen dass wéineg Fësch gefaange gi sinn. Di Ehranger hate +/- 11kg Fësch op der Wo, an eis Equipe +/-8kg. 

Den 1 September hate mär Iech op e Weier vu Fischbach invitéiert wou gefëscht gin ass vun 8 bis 16 Auer. Do zweschent war eng Mëttespaus wou den Patron eis eng gutt Zopp an uschléissend e kale Plat serveiert hat. Den Transport war mat engem Bus organiséiert ginn, d’Wieder hat matgespillt, et waren eng 120 Frelle gefaange ginn an ech denken di 18 Memberen di matgaange waren, sinn och zefridden heemgaangen.

Ufanks September huet Gemeng eis den Parking virun der Entrée vum Weier frësch amenagéiert woufir mär villmools Merci soen. Mär hunn den Moment vun hirer Präsenz profitéiert fir och d’Schwellen iwwert dem Kanal ze erneieren.  

Den  Interclub-Championat 2019 war den 15ten September. Et waren 18 Memberen ugetrueden. E puer Memberen konnten leider wéinst Krankheet net dobäi sinn mä soss waren awer “plus ou moins” di selwecht Leit dobei wie all Joer. Et ass an 2 Manche gefëscht ginn, dozweichent war eng Mëttespaus wou en gegrillten Fierkel servéiert gouf. Trotz manner Teilnehmer waren awer zum Schluss 160 Frelle gefaange gin. (Just zum Verglach: 2018 waren et mat 24 Teilnehmer nemmen 137 Frellen an 2017   191 Frellen mat nëmme 14 Leit). Komesch, wat manner Leit ëmsou méi Fesch  

Die 3 beschte Fescher waren:

  1. Sebastiano Benedetto mat 32 Frellen
  2. Bastian Martine mat 23 Frellen

an 3. Schiltz Mike mat 17 Frellen

Des 3 Memberen goufe mat engem Geld-Preis belount. 

Comité’s-Fëschen war den 26ten Oktober. 

Eng weider Invitatioun war un Iech gaangen fir den 23 November zesumme mat eis am Centre Arthur Thinnes d’Feschersaison 2019 auskléngen ze loossen. Et war e kalen Buffet serveiert ginn an virum Dessert gouf eng Fotoshow gewisen iwwert eist Veräinsliewen wärend deene leschten 20 Joer. Och bei dëser Soirée ass opgefall, dass mer, ausser verschidden Partner vun den Memberen resp Invitéen vum Comité, vun eisen 90 Memberen ëmmer nëmmen di selwecht Leit gesinn wei déi di um Interclub-Feschen an aner Aktivitéiten vum Veräin deelhuelen. Fro an der Raum gestalt. Virwaat?   

Wei där elo héieren huet, waren dat am Laf vum Joer vill Aktivitéiten di niewen deenen gängegen Aarbechten wie den Entretien vum Weier, d’Asetzen vun den Fësch, d’Locatiounen asw. gemaach gi sinn an daat ass just méiglech wann mär op genuch Leit am Comité kennen zeréck gräifen.

Domat sinn ech un d’Enn vu mengem Bericht ukomm a soen Iech villmools Merci fir d’Nolauschteren.

 Romain Weicherding

______________________________________________________

Generalversammlung 2018

Memberen déi ausgezeechnet gi sinn en anerem fir 10, 20,  Joer Aktivitéit,  a Präsens vum Buergermeeschter

Photo Mousel Pierre, ( mywort 8.2.2019 )

G.Haxter; N.Thornton; S.Quintus; P.Alesch; J.Fürpass (bourgmestre)

______________________________________________________

Generalversammlung 2017

Memberen déi ausgezeechnet gi sinn fir 10, 20, a 25 Joer Aktivitéit

vu lénks no riets / Dostert F(20), Steffen M(10), Furlani A(10), Alesch P(25), Mamer C(20), Gerson G(25). Haxter G(25)

________________________________________________________________________________________