
15.5.1994
Fändelaweiung
Pätter a Giedel vum Fändel sinn
Vincent Wolsfeld a
Carole Fonck
Fändelaweiung Monnerecher Ellchen
Am Numm vun der Monnerecher Elchen, begréissen ech den Här Buergermeeschter, Eirebuergermeeschter, d’Schäffen, d’Gemenge Conseilleren, de Polizeikommissär, den Här Paschtouer an eis sämtlech Invitéen.
Den 3 den Januar 1978 ass de Veräin Monnerecher Ellchen gegrënnt ginn ënnert de Presidentschaft vum Här Théo Block, Jean Ries als Sekretär, Ernest Berens als Caissier. Weider Comitésmemberen waren d’Hären Hipp, Reiser a Faber.
Vizepresident war Erny Raus.
Duerno ass am Joer 1981 den 27 den August e Bail mat dem Staat gemaach ginn, de representéiert war duerch de Ministere des Finances, Ministere des Travaux Publics an de Ministere de l’Interieur fir deen den Här Fernstand Claude, Receveur des Domaines vun Esch/Uelzecht designéiert war.
De Bail ass mam Gutachten vum Sekretär de l’Etat aux Finances den 11 den September 1981 an dem Ministere des Travaux de l’Agriculture den 25 den September 1981 ënnerschriwwen ginn an den 1.Oktober 1981 ass en a Kraaft getrueden.
AM Joer 1988 den 1 ten Oktober huet dunn Gemeng Monnerech den Weier beim Staat op 9 Joer gepacht an Monnerecher Ellchen direkt un der Gemeng.
Proprietéit begräift eng Wiss vun 83,93 ares, e Weier vun 31 ares an e Chalet vun 0,50 ares.
De Club setzt sech aus aktiven, inaktiven an Éierememberen zesummen, déi alleguer stolz sinn an och nach haut op enger mat deener schéinsten Plaz vum Bassin Minier dem Mettendall hirem Hobby nokommen ze goen.
Well mir u verschidden Manifestatiounen deelhuelen ewéi Journée vun der Commemoratioun, Nationalfeierdag, Fëschertreffen a.s.w haten mir eis schonn eng nei Uniform an e Wopen zougeluecht.
Versuchung no engem Fändel ass mee nogeréckelt an dofir wëlle mir op den haitegen Dag wo vill vun eise Frënn hei sinn eisen neie Fändel aweien loossen.
Den Pätter vum Fändel ass den Här Vincent Wolsfeld, Éierepresident an Joffer Carole Fonck Duerschter vum President Camille Fonck ass Giedel.
Ech well net vergiessen allen deenen Merci ze soen déi um gudde Gedeien vun der Monnerecher Ellchen bedeelegt sinn.
E spezielle Merci geet un Pätter a Giedel un Gemeng an den Här Paschtouer.
An der Hoffnung dass de neie Fändel vun der Monnerecher Ellchen eng gutt Zukunft huet, wëll ech heimat schléissen an iech alleguerten nach emol Merci soen.
De President vun der Monnerecher Ellchen
Signé: Camille Fonck
Fändeldréier 2018

2018-E.Rommes
40 Joer Gebuertsdagsfeier Monnerecher Ellchen

2018-11.10-40 Joer Monnerecher Ellchen
40è anniversaire M.E. 10.11.2018
Här Buergermeeschter
dir Dammen an Hären
léif Fëscherkolleginnen a Kollegen
-Ech begréissen Iech alleguerten am Numm vum Comité häerzlechst zu eiser klenger Gebuertsdagsfeier villaïcht net an engem esou gewinnten Kader
an awer hoffen ech, dass mer alleguerten den Owend e puer flott Stonnen zesummen verbréngen,
a wat mech besonnesch erfreet, ass dach déi grouss Unzuel vu Leit, dee de Wéi heihinner fonnt huet,
-an, dass mer an eiser Mëtt eng Persoun bei eis hunn, dei vun Ufank un ,praktesch zënter de Grënnung vum Veraïn bei eis ass,
merci un dech Camille Fonck, dass du komm bass.
-E klengt Jubiläum feiert een net all Dag
a wann een et genau höllt, nëmmen eng Kéer oder ni
-40 Joer Monnerecher Ellchen dat soll
an ech betounen nach eng Kéer dat soll fir jiddereen bedeiten>
Zesummenhalen,
Freed,
Entspanung,
Kollegialitéit,
Erfolleg,
heiansdo och Enttäuschung.
Wieder déi deelweis komplett an de Vergiess gerode sinn
ob dat ëmmer esou war?
sécher net! an déi Fro muss jiddereen sech selwer emol stellen
an beäntwerten.
-all Veräin kennt Héichten an Déiften
a muss do derduerch an no all Déift geet et och erëm biergop
an fir dee Zäit wou ech derbäi sinn
kann ech ënnert dem Stréch soen mat der Entwécklung zefridden ze sinn
Gott säi Dank och!
-1978 op internationalem Plang
ass munches geschitt
Just nëmmen ze ernimmen fir déi Zäit,et war den Zäitalter, eisen Zäitalter,
wou de John Travolta an Olivia Newton-John mat Grease sech an Häerze vun de Leit eran gedanzt hunn
net ze vergiessen Bee Gees mat Saturday Night Fever
Terror a Spuenien an a Russland, och schonn zu dëser Zäit
Sadat a Begin hunn de Friddensnobelpräis kritt
-E Supertanker ass op der bretonescher Küst op e Fiels gelaf an auserneen gebrach; 350 km Küst sinn verdreckst ginn
Et war Joer vun deenen 3 Peepst
–Op nationalem Plang
ass Stolindustrie zu Lëtzebuerg nei strukturéiert ginn,
aus der Arbed ass Arcelor ginn, spéiderhin Arcelor Mittal
eis Finanzplaz ass kräfteg gewuess,
e Gesetzes Projet fir Ofdreiwung ass an der Chamber debattéiert an mat Restriktiounen votéiert ginn.
De Rapport vum Demograf a Statistiker Gérard Calot
huet fir vill Diskussiounsstoff gesuergt,
Et war e politeschen Schachzuch vun der déieremoler Koalitioun
mat dem Resultat dass’n sech als fake erwisen huet -een Term déi jo haut vill gebraucht gëtt.
Heibäi huet et sech em Ausstierwen vun der Populatioun gehandelt
Stierflechkeet vun de Lëtzebuerger sollt méi héich sinn ewéi an den Nopeschlänner,an Fruchtbarkeet méi niddereg ,
a Wierklechkeet ass just gewarnt ginn vun enger Iwwerfriemung)
-Abee an deem Joer ,
wo vill lass war
genau den 3. Januar 1978 gouf eise Veräin gegrënnt. Fir de Moment kënne mer op +/-85 Memberen zielen.
Hien krut de Numm Monnerecher Ellchen.
Firwat Monnerecher Ellchen?
Monnerech, mee ewéi seéher, well dee Aktioun sech zou Monnerech ofgewéckelt huet beim Erny an der Klensch, iwwer laang Zäit och Lokal vum Veräin
an Ellchen, e klenge Fësch ,
doropshin, ech deiten et emol virsiichteg un
well vill deier Ellecher am Weier waren
dat Ganzt ze gesinn a Relatioun mat engem klengen Veräin.
Wéi weess, hautzedaags géif villäicht net méi de Numm Ellchen gebraucht ginn,
haut zielen mer eis jo zu engem “groussen Veraîn “
Den 1. President war den T.Block
duerno koum den E.Raus
a vun 1986 de C.Fonck
vun 2001 de P. Alesch bis 2019; duerno de N.Munkler
Matgrënnungsmembere waren nach déi Hären: J.Ries; E.Berens; A.Hipp; C.Reiser; R. Faber; E.Raus
-So ze soen an engem Bermudadräieck ,tëschent Leideleng, Steebrécken a Biergem
matten am Mettendall läit de Weier, mat engem Beréng vun 65 ar,
an engem Chalet, opgeriicht mat Hëllef vum Zammermann Herzig Menn
e Begrëff fir all eeleren Monnerecher
-Fréier war do eng Waasserbuerg, an en Haff,dee vun engem Weier encadréiert gouf.
Mat der Zäit ass de Weier an de Besëtz vum Staat komm,d’ Gemeng Monnerech ass Locataire ginn,an de Weier ass 1981 un den Fëscherververäin Monnerecher Ellchen weider verpacht ginn.
An dësem Zesummenhalt muss awer gesot ginn, dass Lokatioun mat der Oplo verbonnen ass, déi haut och nach gëllt,
-den Terrain ze ënnerhalen,
-den Terrain däerf net dreschen geleet ginn,
-keen Bam däerf ëmgeschloen ginn
-an et däerf keng nei Konstruktioun opgeriicht ginn.
-D’Gemeng ass zoustänneg fir d’Erhale vum Weier, de Veräin ënnerhält de ganze Biotop mat verschiddene Planzen a suergt fir d’Asetze vun de Fësch, haaptsächlech vu Forellen.
Eng kleng Bach, Mierbech genannt, ee 5,2 km laangen Zoufloss vun der Uelzecht, soll de Weier mat Waasser versuergen.
-Nodeems Firma Bonaria esou em +/- 1988 an 1.Instanz de Weier ausgebaggert hat , gouf de Buedem deelweis op den Terrain opgeschott ,
bis dunn
am Joer 1996 gréisser Transformatiounen,wéi Ausbaggeren an Restrukturatiounsaarbechteng realiséiert si ginn,
an dëst an Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung , der Monnerecher Gemeng an dem Fëscherveraïn Monnerecher Ellchen.
Haaptverantwortlech fir dës Aarbechten war ënner anerem de Camille Fonck,
tatkräfteg ënnerstëtzt vum Servais Quintus , Conseiller an der Gemeng Monnerech
No 9 Méint Ulafzäit,
di Hären Fonck a Quintus sinn vun engem Büro an den aneren vun 3-4 Ministeren gebëselt , et kann een soen gebëselt ginn
och Lëtzebuerger Natur a Vulleschutzliga huet hire Pefferkär am positiven Sënn bäigeluecht, dunn ass et lass gaangen mat dem Ausbaggeren.
Plazeweis ass méi ewéi 1 Meter déif Schlamm erausgeholl ginn, an op e Nopeschterrain beim Weier hannerluet ginn an et huet eng schéin Staang Geld kascht,gedroen zu der Halschent vum Staat, a jeeweils engem Véierel vun der Gemeng Monnerech an dem Veräin selwer.
Eleng Resstrukturationsarbechten hunn sech op 800.000.- Luf belaf-
op dat haut nach méiglech ass,?
eng Fro esou emol dohinner gestallt;
et muss een kucken, an dann nëmmen mat der Ënnerstëtzung vun den Gemengen Autoritéiten .
Camille an Servais nach eng Kéier Merci, dir sidd an Geschicht vum Veräin an dem Weier Mettendall agaangen.
Gläich duerno, Ufanks 2001
no 15 Joer Presidentschaft ass de Camille bei der Ellchen an Pensioun gaangen, den Èierentitel gouf him zou erkannt an domadder war Ära Fonck eriwwer .
-Ära Alesch ass ugaangen.
2001 erëm mat Hëllef vum Servais sollt eng gréisser Tranchéie , respektiv e Gruef fir den Oflaf vum Waasser ze garantéieren nei amenagéiert ginn, den Alaf an de Weier hätt missen aus Natursteng opgebaut ginn.
Keen Betoun, Plastik oder anert Metall hätt dierfen gebraucht ginn. Eng Aktioun déi fale gelooss ginn ass.
-No 22 Joer fänkt de Weier erëm un ze kränkelen,
wat däerf,wat kann, a wat muss gemach ginn?
3 Froen déi ech net kann ouni Weideres beäntwerten !
En Challenge fir den nächste President ! Wee wéis?
Well Aera Alesch als President och eng Kéier zu Enn geet.
Dobäi sollen awer net déi Leit vergiess ginn
déi am Hannergrond vill Aarbechten um Weier geleescht hunn.
Et waren déi Hären:
Cattaneo,Weiwers,Gerson,del Rio,Funk,Reuter,Felgen a Seywert, an all déi aner dei ech net direkt mat hirem Numm opgezielt hunn .
-E Veräin lieft vun der Aktivitéét vun sengen Memberen a sengem Comite. Dofir en Opruff un Memberen alleguerten fir mateneen weider ze schaffen,
soss ginn Lutten aus,an dat kann ganz schnell goen.
-Ech géif dann nach de Camille bieden,
deen iwwregens och de Wopen vun eisem Fändel entworf huet, deen 1994 festlech ageweit ginn ass a wou Vincent Wolsfeld a Carole Fonck
Pätter a Giedel vum Fändel waren
erop ze kommen, fir e klenge Merci aus eisen Hänn ze kréien fir 40 Joer Aktivitéit Monnerecher Ellchen,
Ech fir mäin Deel soen Iech Merci fir Nolauschteren , an stoussen mat Iech un op Monnerecher Ellchen,
Vive d’Ellchen ,
Prost an e flotten Owend nach, et dierft keen hongereg an duuschtereg heemgoen
soss huet hien eppes falsch gemach
P.Alesch, President vun der Monnerecher Ellchen.


Weierfest 2019 am cadre vum Anniversaire

=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+=+


